13:00-18:00 Streik! d’Andy Bausch
Chapelle fortlafend vun 13.00 un
104 Minuten Am Kader vun Honnert Joer Fräi Gewerkschaften zu Lëtzebuerg (1916-2016), huet den OGBL de Cineaste Andy Bausch gefrot en Documentaire ze realiséieren, deen déi formidabel Geschicht vun der fräier gewerkschaftlecher Beweegung zu Lëtzebuerg an de lëschten honnert Joer verzielt. De Film Streik! produzéiert vu Paul Thiltges Distributions ass zënter Mee 2016 an de Kinoen.
Den Dokumentarfilm Streik! weist, unhand vu beweegte Biller, Fotoen, Aarbechterlidder, Zäitdokumenter an Interviewen, op eng mënschlech beréierend, lieweg a spannend Aart a Weis d’sozial Konflikter an d’Entwécklung vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung zu Lëtzebuerg vun hiren Ufäng bis haut. All déi sozial Errongenschaften, déi eis haut selbstverständlech schéngen, hu mer net vun uewen erof geschenkt kritt – si hu missten erkämpft ginn: Streik! ass en Dokumentarfilm, deen d’Geschicht vun de Sozialkonflikter an d’Ëntwécklung vun der fräier Gewerkschaftsbeweegung zu Lëtzebuerg), erzielt, an zwar vu sengen Ufäng bis haut. Streik! illustréiert iwwert 100 Joer fräi Gewerkschaften an domat och iwwert ee Joerhonnert Lëtzebuerger Sozialgeschicht vun ënnen.
This website uses cookies so that we can provide you with the best user experience possible. Cookie information is stored in your browser and performs functions such as recognising you when you return to our website and helping our team to understand which sections of the website you find most interesting and useful.
Strictly Necessary Cookie should be enabled at all times so that we can save your preferences for cookie settings.
If you disable this cookie, we will not be able to save your preferences. This means that every time you visit this website you will need to enable or disable cookies again.