Nodeem am Rechtssträit géint de Lëtzebuerger Staat zréckbehalen ginn war, dass honnerten vun Polizisten bei der Policereform 2018 opgrond vun hirem Secondairesdiplom een direkten Accès an d’Carrière B1 hätten missen kréien (d’Riichter benotzen am Uerteel den Ausdrock “de plano”, d.h. “de plein droit”) an dorops hin den Mechanismus vun der “Voie expresse” (iwwert deen säit 2018 honnerten Beamten ouni Secondairesdiplom opgrond vun hirer Anciennetéit prioritär, d.h. virun den Beamten mat Schoulofschloss, an d’Carrière B1 gewiesselt waren), agefruer ginn war, well d’Riichter eng Verfassungswiddregkeet festgestallt haten, hätt een missen mengen, dass déi zoustänneg Ministeren verstane hätten wat d’Klack gelaut hätt.
Net awer sou d’Ministeren Marc Hansen (Fonction publique) an Henri Kox (Sécurité intérieure), déi mam Accord relatif au mécanisme temporaire de changement de groupe de traitement dit « voie expresse » au sein de la Police grand-ducale, deen den 12. Juni 2023 tëschent der Regierung, dem SNPGL an der CGFP ënnerschriwwen gouf, wëllentlech an wëssentlech, déi vun der Cour constitutionnelle an der Cour administrative festgehalen Ongerechtegkeeten weider bestoen loossen:
Zudeem ass och d’Aart a Weis, wéi dësen Projet zustane komm ass, héchst verwäerflech an engem Minister eigentlech onwierdeg. D’Ministeren Marc Hansen an Henri KOX haten d’ADESP vu vireran vun allen Verhandlungen écartéiert an hunn sech domat gezielt iwwer den Art. 1 vum Règlement grand-ducal vum 5. Mäerz 2004 ewech gesat : « Au cas où plusieurs associations représentatives pour les différents sous-groupes de traitement existent au sein d’une même administration, la représentation du personnel est constituée par les comités de ces différentes associations. »
Och den Art. 3 vum Règlement grand-ducal gouf ignoréiert : « Pour les matières où l’avis de la représentation du personnel est obligatoire […], le comité doit être consulté dès le stade de l’élaboration du texte. Il doit recevoir la documentation complète […] ».
Et muss ee feststellen, dass keng Consultatioun vun enger Personalvertriedung stattfonnt huet. D’ADESP als Vertriederin vun de Poliziste mat Secondairesdiplom, déi, vun Ufank un, dat berechtegt Uleies vun honnerten betraffenen Polizisten no enger Reklasséierung an de B1, souwuel um Niveau vun der Police intern wéi och an der Ëffentlechkeet, vertrueden huet, ass hei vu vireran net mat an Diskussiounen agebonne ginn. Säit Dezember huet d’ADESP ëmmer rëm Entrevuen ugefrot, a gouf vertréischt. Amplaz huet d’Regierung hannert zouenen Dieren eleng mat SNPGL/CGFP verhandelt.
D’ADESP an den OGBL drécken heimat ganz kloer eisen Désaccord zu deem aktuellen Projet aus, vu dass den Projet an den Accord am totalen Disrespekt vum Sozialdialog zustane komm sinn an am Projet ganz kloer d’Schlussfolgerungen vum Verfassungsgeriicht an vum Verwaltungsgeriicht ignoréiert goufen.
Des Weideren kritiséieren mir d’Virgoensweis vun den Ministeren Marc Hansen an Henri Kox op d’Schäerfst. Déi 3 Regierungsparteien musse sech d’Fro stellen, a wéiwäit et tragbar ka sinn, dass Ministeren de Sozialdialog ignoréieren a sech wëllentlech a wëssentlech iwwer Reglementer a Geriichtsuerteeler ewech setzen.
Matgedeelt vun der ADESP a vum OGBL-Syndikat Öffentlechen Dengscht, de 19. Juni 2023
Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Cette option doit être activée à tout moment afin que nous puissions enregistrer vos préférences pour les réglages de cookie.
Si vous désactivez ce cookie, nous ne pourrons pas enregistrer vos préférences. Cela signifie que chaque fois que vous visitez ce site, vous devrez activer ou désactiver à nouveau les cookies.